Opriichten 2023: Samschden den 29. Abrëll 2023

E Samschden, 29. Abrëll ass et endlech rëm sou wäit an Saison 2023 kann no deem naassen Mäerz an Abrëll sou richteg starten. Éier mir awer rëm déi flott Deeg an Owender zesummen um Site verbrénge kënnen, muss de Site erëm op Héichglanz poléiert gi. De Wuess muss geméint, Clubsbuud entrümpelt a gebotzt, de Ponton an Waasser geluecht, Waassersportsmaterial vum Späicher erofbruecht …